Wéi funktionéiert et?
Participation
Soubal Dir Är Registréierung ofgeschloss hutt, kritt Dir reegelméisseg E-Maile mat Invitatioune fir un Ëmfroen deelzehuelen. All E-Mail enthält en eenzege Link, dee speziell fir Iech ass: klickt einfach drop,fir d'Ëmfroen auszefëllen. Dir kënnt Ëmfroen op Ärem Smartphone, Computer oder Tablet maachen. D’Ëmfroe sinn op d’mannst op Lëtzebuergesch, Franséisch an Englesch verfügbar.
D’Zäit, d’Thema an de Kontext fir d’Participatioun unenger Ëmfro ginn op den éischte Bildschiermer gewisen, an heiansdo och direkt an der Invitatioun per E-Mail.
Bei e puer Ëmfroen ass et méiglech, d'Ëmfroen ze pauséieren a méi spéit weiderzemaachen, wou Dir opgehalen hutt, mee dat gëllt net ëmmer. Mir recommandéieren, all Ëmfro an engem Stéck an enger stabiller Ëmwelt ouni Ënnerbriechungen ofzeschléissen, fir datt Är Participatioun korrekt ugeholl gëtt.
Beäntwert d’Froen einfach an der Sprooch, déi Dir gewielt hutt. Um Enn vum der Ëmfro gëtt normalerweis ee Knäppchen ugewise fir Är Äntwerten ze späicheren. Soubal Är Äntwerte gespäichert sinn a d’Ëmfro ofgeschloss ass, erschéngt eng Bestätegungssäit.
ILRES kann seng MyPanel-Member och invitéieren, un Ëmfroe vun aneren internationalen Instituter deelzehuelen. An dëse Fäll sammelen d’Partnerinstituter d’Informatiounen, déi iwwer d'Ëmfroe geliwwert ginn. Dës Partner hunn awer keen Zougang zu de Kontaktinformatiounen vun de MyPanel-Memberen. ILRES garantéiert och, datt d’Identifikatioun vun de Memberennet erlaabt ass, an huet vertraglech Mesurë getraff, fir dat ze verhënneren.
Belounungen
An de meeschte Fäll erschéngt Är Belounung bannent zwou Stonnen nom Ofschloss vun der Ëmfro op Ärem MyPanel-Kont. Ausnamsweis kann dat bis zu 15 Deeg daueren.
D’Gréisst vun der Belounung hänkt vun der Zäit of, déi néideg ass, fir d'Ëmfro korrekt auszefëllen.
Duerch Är Participatioun sammelt Dir Belounungen op Ärem MyPanel-Kont. Soubal Dir op d’mannst 10 € erreecht hutt, kënnt Dir eng Ausbezuelung op Äre Bankkonto ufroen oder d’Belounung un eng Wueltätegkeetsorganisatioun spenden. Dës Ufroe kënnen einfach iwwer Äre MyPanel-Kont gemaach ginn. ILRES verschafft Ausbezuelunge vu MyPanel-Memberen all Mount. ILRES verschafft Ausbezuelungen vun MyPanel-Memberen all Mount.
Aktualiséierung vun Äre Donnéeën
Iwwer Äre MyPanel-Kont kënnt Dir Är perséinlech Donnéeën aktualiséieren. Dës enthalen d’soziodemographesch Informatiounen, déi Dir bei der Registréierung uginn hutt, wéi Alter, Geschlecht, Nationalitéit, Wunnuert, Haushaltsgréisst a Beruff. Well dës Donnéeën sech mat der Zäit änneren, ass et wichteg, se aktuell ze halen.
Duerch d’Aktualiséierung vermeit Dir Invitatiounen zu Ëmfroen, déi fir Iech net méi relevant sinn, a kritt weiderhin déi passend Ëmfroen. ILRES benotzt dës Donnéeën, fir sécherzestellen, datt Invitatiounen nëmmen un déi Persoune geschéckt ginn, déi mam Profil zu der Ëmfro passen.
Beispill: Wann eng Ëmfro nëmme fir Leit am Süde vum Land geduecht ass, ginn Invitatiounen nëmmen un déi verschéckt, déi an dësem Gebitt wunnen. Wann Dir zënter der Registréierung an de Norde geplënnert sidd an Är Donnéeën net aktualiséiert hutt, kritt Dir vläicht onnéideg Invitatiounen a kënnt dono ausgeschloss ginn, well Äre Wunnuert net méi passt.
Weider Participatiounsbedéngungen
D’Registréierung ass gratis a fir all Persoun op, déi hir Meenung duerch Online-Ëmfroe deele wëll an Internetzougang huet. All Persoun ab 16 Joer, déi a Lëtzebuerg oder an der Groussregioun wunnt, kann sech registréieren.
ILRES zielt op d’Kooperatioun vu sengem MyPanel-Memberen, fir un den Invitatiounen deelzehuelen, mee d’Participatioun ass fräiwëlleg. Dir kënnt ëmmer entscheeden, ob Dir deelhuele wëllt, an Är Participatioun beaflosst net d’Zuel vun den Invitatiounen, déi Dir kritt.
Fir Transparenz a bei Ärer Entscheedung matzemaachen ze hëllefen, enthält all Ëmfro eng Erklärung iwwer Zil a Kontext vun der Ëmfro. Bei de meeschten Ëmfroe ginn Erënnerungsmailen no der éischter Invitatioun verschéckt. Wann Dir net deelhuele wëllt, kënnt Dir dës ignoréieren oder d'Ëmfro opmaachen, fir Äre Refus auszedrécken.
Et ass wichteg, datt d’Participanten opmierksam beim Beäntwerte vun de Froe sinn. Vill Ëmfroen enthale Kontrollfroen, wéi einfach Rechenaufgaben oder d’Aufgab, eng bestëmmten Äntwert ze wielen (z. B. déi drëtt Optioun). Wann dës Tests net bestane ginn, gëtt d’Ëmfro ofgebrach, well net genuch Opmierksamkeet d’Qualitéit vun den Donnéeë beaflosst.
Ëmfro-Invitatioune gi perséinlech un Iech geschéckt. Nëmmen Dir dierft de Link benotzen; ënner kengem Ëmstänn däerf een anere fir Iech deelhuelen.
Et ass net erlaabt, méi wéi ee MyPanel-Kont ze maachen; Är Registréierung muss eenzegaarteg sinn. Wann Dir Är Zougangsdaten verléiert, kënnt Dir den Helpdesk op helpdesk@mypanel.lu kontaktéieren, deen Iech hëllefe wäert. ILRES iwwerpréift Multi-Konten a behält sech d’Recht vir, esou Konten a Belounungen ze läschen.
