Richtlinne fir den Traitement vu perséinlechen Donnéeën

An dësem Informatiounsblat gëtt detailléiert, wéi ILRES S.A. perséinlech Donnéeën traitéiert, déi se bei deene Persoune sammelt, déi hir Internetsäite besichen an/oder d‘Kontaktméiglechkeeten notzen, déi do ugi ginn, onofhängeg dovun, ob dës Visiteuren hir iwwer d’Post oder iwwer de Kontaktformulaire schreiwen oder ILRES S.A. oder ee vun hire Mataarbechter telefonesch oder per E-Mail kontaktéieren.

Weider Informatiounen iwwer d’Aart a Weis wéi ILRES S.A. perséinlech Donnéeën am Laf vun hiren telefoneschen oder Online-Ëmfroen traitéiert fannt Dir op deene jeeweilegen Informatiounsblieder op der Websäit https://ilres.lu/.

Persounen, déi als MyPanel-Member regelméisseg bei den Enquêten an Ëmfroen vun ILRES S.A. matmaache wëllen, fannen op den Internetsäite vun ILRES S.A. deen néidegen Umeldungsformulaire. Eenzelheeten iwwer deen an dësem Kader duerchgefouerten Traitement vun den Donnéeë ginn am Laf vum Umeldungsprozess bereetgestallt.

An dësem Informatiounsblat bezeechent de Begrëff "perséinlech Daten" all Informatioun déi sech op eng identifizéiert oder identifizéierbar natierlech Persoun bezitt; Eng natierlech Persoun gëtt als identifizéierbar ugesinn, wann, direkt oder indirekt, besonnesch andeems en Identifiant wéi en Numm, eng Identifikatiounsnummer, Lokatiounsdaten, en Online Identifiant oder een oder méi speziell Charakteristiken, den Ausdrock vun der kierperlecher, physiologescher, genetescher, psychologescher, wirtschaftlecher, kultureller oder sozialer Identitéit vun dëser natierlecher Persoun kann identifizéiert ginn. De Begrëff „Reglement 2016/679“ bezeechent d‘Reglement (EU) 2016/679 vum Europäesche Parlament an dem Conseil vum 27. Abrëll 2016 iwwer d’Protektioun vun natierleche Persoune beim Traitement vu perséinlechen Donnéeën, iwwer d’fräi Circulatioun vun dësen Donnéeën, duerch dat d’Directive 95/46/EG (Dateschutzreglement) opgehuewe gëtt.

ILRES S.A. ass de Responsabele fir den Traitement vun de  perséinlechen Donnéeën, déi si bei Persoune sammelt, déi hir Internetsäite besiche und/oder déi  Kontaktméiglechkeete benotzen, déi do ugi sinn. Fir Froen an dësem Zesummenhang kontaktéiert w.e.g. den Dateschutzbeoptragte vun ILRES S.A., per Post op der Adress ILRES S.A., 41, rue du puits Romain L-8070 Bartreng, per E-Mail op DPO@ilres.com oder telefonesch ënner der Nummer +352 499291.

D’Internetsäite vun ILRES S.A. enthalen awer och eng Rei nëtzlech Links op aner Internetsäiten. Wann Dir dës Links uklickt, iwwerhëlt ILRES S.A. selwer keng Responsabilitéit méi fir den Traitement vun Äre perséinlechen Donnéeën, esouguer dann net wann dës Links zu Partnergesellschaften a Partnerorganisatioune vun ILRES S.A. féieren. Dofir sollt Dir d’Dateschutzbestëmmunge vun den Administrateuren/Editeure vun dësen Internetsäiten suergfälteg iwwerpréiwen oder dës direkt kontaktéieren, fir gewuer ze ginn, wéi Är perséinlech Donnéeën do traitéiert ginn.

 

Bei Ärer Visite op der Internetsäit vun ILRES S.A. traitéiert perséinlech Donnéeën

Eng einfach Visite vun der Internetsäit vun ILRES S.A. féiert net zu der Veraarbechtung vu perséinlechen Donnéeën.

 

Donnéeën, déi traitéiert ginn, wann Dir mat ILRES S.A. a Kontakt stitt

ILRES S.A. benotzt déi Donnéeën, déi Dir matdeelt andeems Dir hir iwwer Post oder de Kontaktformulaire schreift oder andeems Dir iwwer Telefon oder E-Mail Kontakt mat ILRES S.A. oder mat engem vun hire Mataarbechter ophuelt, fir Är Ufro ze traitéieren. Jee no Ufro baséiert dësen Traitement op ënnerschiddleche gesetzleche Grondlagen:

  1. Wann et sech bei Ärer Ufro ëm eng Ufro fir eng Offer oder ëm en aktuelle Kontrakt mat ILRES S.A. handelt, traitéiert ILRES S.A. Är perséinlech Donnéeë fir dëse Kontrakt z’erfëllen oder fir op Är Ufro hin ergraffe virvertraglech Moossnamen duerchzeféieren (Artikel 6 Abschnitt 1 Buschtaf b) vum Reglement 2016/679).

    ILRES S.A. behält sech och d'Recht vir, d'Kontaktdate vu senge Clienten an déi, déi vun hiren Employéë matgedeelt goufen, ze benotze fir Informatiounen iwwer d'Servicer, déi ILRES S.A. proposéiert, matzedeelen. An dësem Fall ass d'gesetzlech Basis vum Traitement de legitimen Interessi vun ILRES SA. fir seng Produiten a Servicer bekannt ze maache fir seng wirtschaftlech Aktivitéit weiderzeentwéckelen. Am Géigenzuch engagéiert ILRES S.A. sech fir bei esou Kommunikatioune vum Typ "Marketing" unzeginn, wéi d'concernéiert Persounen dëser Benotzung vun hiren Donnéeë kënne widderspriechen.

    ILRES S.A. benotzt d'Kontaktdate vu senge Clienten an déi, déi vun hiren Employéë matgedeelt goufen, och fir se ze invitéieren, fir u Sondagen iwwer seng Servicer (Enquêten iwwer d'Zefriddenheet, Tester vu Produiten) deelzehuelen. D'gesetzlech Basis vun dësem Traitement ass de legitimen Interessi vun ILRES S.A. fir déi néideg Informatiounen ze kréie fir seng Produiten a Servicer ze verbesseren a se un d'Besoine vu senge Clienten unzepassen. ILRES S.A. gëtt de concernéierte Persounen ëmmer d'Méiglechkeet, dëser Benotzung vun hire beruffleche Kontaktdaten ze widderspriechen.

  1. Wann et sech bei Ärer Ufro ëm Är perséinlech Donnéeën an déi domat verbonne Rechter handelt (Kapitel III vum Reglement 2016/679), traitéiert ILRES S.A. Är Donnéeë fir hir rechtlech Verpflichtung z’erfëllen, déi si huet fir Ärer Ufro nozekommen (Artikel 6 Abschnitt 1 Buschtaf c) vum Reglement 2016/679). Si traitéiert déi an dësem Kader matgedeelten Informatiounen op der Grondlag vun hirem legitimen Intérêt, de Beweis vun der Gestioun vun Ärer Ufro ze versuergen, deen si brauch fir hir Rechter viru Gericht constatéieren ze loossen, auszeüben oder ze verdeedegen.
  1. Wann Är Ufro soss n Thema betrëfft, traitéiert ILRES S.A Är Donnéeë fir Är Ufro ze beäntweren, an dësen Traitement geschitt am Kader vun hirem legitimen Intérêt, un si geriicht Ufroen ze beäntweren (Artikel 6 Abschnitt 1 Buschtaf f) vum Reglement 2016/679).

 

Empfänger vun Äre perséinlechen Donnéeën:

Déi am Kader vun Ärer Kontaktopnahm mat ILRES S.A. traitéiert Donnéeën kënnen un d’Déngschtleeschter vun ILRES S.A. iwwermëttelt ginn, d.h. un déi Persounen, deenen hir Interventioun fir d’Erfëlle vun Iech oder vun Ärer Gesellschaft mat ILRES S.A. ënnerschriwwene Kontrakt zweckméisseg ass, oder un aner Prestatairen, wéi zum Beispill hir Auditeuren, Cloud-Ubidder, Comptabelen oder juristesch Beroder. Dës Dës Empfänger vu perséinlechen Donnéeë si verflicht, déi gesetzlech an/oder vertraglech Verpflichtungen am Beräich vum Dateschutz z’erfëllen, déi och d’Beruffsgeheimnis oder déi geltend Confidentialitéitsflichte mat aschléissen.

Innerhalb vun de gesetzleche Limitte kann ILRES S.A. Är perséinlech Donnéeën och dann iwwermëttelen, wann se opgrond vun enger rechtlecher oder reglementarescher Verpflichtung oder opgrond vun enger administrativer Contrainte dozou verflicht ass.

 

Iwwermëttelen un Drëttlänner:

ILRES S.A. iwwermëttelt déi vun hir traitéiert perséinlech Donnéeën a kee Land ausserhalb der Europäescher Unioun ouni Iech am Virfeld doriwwer z’informéieren.

 

Späicherdauer vun den Donnéeën:

Déi am Kader vun Ärer Kontaktopnahm mat Ilres S.A. traitéiert Donnéeë ginn net méi laang gespäichert, wéi et néideg ass fir hir Zwecker z’erfëllen, a konform zu hire rechtleche  Verpflichtungen.

Zum Beispill:

  • Wann den Traitement vun Ären Donnéeën am Kader vun der Erfëllung vun engem vun Iech ugefrote Kontrakt geschitt, da ginn Är Donnéeë op d’mannst bis zum Enn vun dësem Kontrakt gespäichert. Déi Donnéeën, déi fir Comptabilitéitszwecker gespäichert musse ginn, gi während op d’mannst  zéng Joer nom integrale Bezuele vun de vertraglech festgeluechte Leeschtungen a Käschte gespäichert.
  • D'Kontaktdaten, déi vun ILRES S.A. traitéiert gi fir Informatiounen iwwer d'Servicer, déi ILRES S.A. proposéiert, matzedeelen oder fir Sondagen iwwer dës Servicer ze maachen, ginn nëmmen esou laang benotzt, wéi d'concernéiert Persounen zu senge Cliente gehéieren (zwee Joer no der leschter Prestatioun vun ILRES S.A.).
  • Wann ILRES S.A. eng Ufro iwwer Är perséinlech Donnéeë beäntwert, ginn d’Donnéeën, déi den Traitement vun dëser Ufro betreffen, esou laang gespäichert, wéi et néideg ass, fir d’Rechter vun ILRES S.A. ze constatéieren, auszeüben oder ze verdeedegen.
  • Wann Dir eis Är Donnéeën am Kader vun enger Bewerbung fir eng Aarbechtsplaz matdeelt an Äre Profil där vun ILRES S.A. ugebuedener Aarbechtsplaz oder deem vun hir gesichte Profil entsprécht, späichert si dës Donnéeën op eng securiséiert Aart a Weis während héchstens engem Joer nodeems si se krut, et sief dann, Dir opposéiert Iech dëser Späicherung oder d’Kontaktopnahm féiet zu engem Aarbechtskontrakt

 

Är Rechter beim Traitement vun Äre perséinlechen Donnéeën:

Dir hutt d’Recht, Zougang zu Äre vun ILRES S.A. traitéierte perséinlechen Donnéeën ze unzefroen an am Fall vun hirer Onvollstännegkeet oder Feelerhaftegkeet hir Berichtegung ze fuerderen. Weiderhi sidd Dir berechtegt, d’Aschränkung vum Traitement vun Äre perséinlechen Donnéeën unzefroen, Iech hirer Notzung z’opposéieren an ze beantragen, datt Är perséinlech Donnéeën aus deene vun ILRES S.A. geféierte Fichiere geläscht ginn. Dir hutt och d’Recht op d’Portabilitéit vun äre perséinlechen Donnéeën, d.h. d’Recht op hir Iwwermëttlung an engem strukturéierten, gängegen a maschinneliesbare Format  un en anere Responsabelen. Falls ILRES S.A. am Virfeld Ären Accord fir den Traitement vun Äre perséinlechen Donnéeën misst ufroen, kënnt Dir dësen Accord zu jidder Zäit widderruffen. An dësem Fall affektéiert dat net d’Legitimitéit vum Traitement op der Basis vun Ärer virun dësem Widderruff erdeelten Accord.

Dir kënnt eng Demande fir d’Ausübung vun deenen uewen duergeluechte Rechter bei ILRES S.A., 41, rue du puits Romain L-8070 Bartreng areechen oder per E-Mail bei  DPO@ilres.com ufroen. Sollt Dir net zefridde mat der Aart a Weis vum Traitement vun Äre perséinlechen Donnéeën duerch ILRES S.A. sinn, kënnt Dir eng Reklamatioun bei der zoustänneger Kontrollstell areechen. Fir d’Groussherzogtum Lëtzebuerg ass dat d’National Dateschutzkommissioun (https://cnpd.public.lu/fr/index.html).