Cookie Richtlinn

Wéi eng Cookië gëtt et op eisen Internetsäiten a firwat?

E Cookie ass eng kleng Textdatei, déi d’Websäiten op deem Computer oder mobillen Apparat späicheren, deen Dir beim Opruff vun der Internetsäit benotzt hutt. Dës kleng Textdatei erméiglecht, Är Handlungen a Virléifte bei der Notzung vun der jeeweileger Säit iwwer e festgeluechten Zäitraum ze späicheren.

ILRES S.A. benotzt op hiren Internetsäiten déi folgend Cookien:

  • De Cookie “i18next“ déngt dozou, den Utilisateuren hir bevirzugt Browsersprooch z’erkennen. Et handelt sech dobäi ëm e Sessiouns-Cookie, wat bedeit, datt e beim Verloosse vun der Internetsäit geläscht gëtt.
  • De Cookie “firstVisit“, déngt derzou, déi Utilisateuren z’erkennen, déi hire Choix wat d’Benotze vu Cookien duerch ILRES S.A. ugeet, nach net gemaach hunn a fir déi et zweckméisseg ass, de Banner mat der Ukënnegung vun dëser Benotzung z’affichéieren. Och heibäi handelt et sech ëm e Sessiouns-Cookie.
  • De Cookie “cookieconsent-status“ déngt derzou, déi Utilisateuren z’erkennen, déi hire Choix wat d’Benotze vu Cookien duerch ILRES S.A. ugeet, schonns gemaach hunn an op deenen hirem Ecran de Banner mat den Informatiounen iwwer dës Benotzung net méi affichéiert brauch ze ginn. Heibäi handelt et sech ëm en dauerhafte Cookie, wat bedeit, datt en op deem fir Är Visite benotze Computer oder soss engem Apparat bleift. ILRES S.A. späichert dëse Cookie während engem Joer.
     

Wéi kann een den Asaz vu Cookië verhënneren?

Iwwer déi jeeweileg Browserastellunge kënnt Dir zu jidder Zäit a gratis decidéieren, déi aner Cookien op Ärem Computer oder engem anere fir d’Webnavigatioun benotzten Apparat ze desinstalléieren. Dës moossgeschneidert Konfiguratioun erlaabt Iech och, sämtlech Cookien z’akzeptéieren oder ze refuséieren oder och vu Fall zu Fall iwwer hir Benotzung ze decidéieren. Fir Cookien op Ärem Browser ze desaktivéieren recommandéiere mir Iech, déi folgend Säiten ze konsultéieren:

Beuecht w.e.g., datt sech d’Läschen oder d’Blockéiere vu Cookien op Äert Benotzererliefnes auswierke kann a bestëmmte Funktiounen Iech méiglecherweis net méi zur Verfügung stinn. ILRES S.A. iwwerhëlt keng Verantwortung fir eng Funktiounsstéierung vun hirer Websäit wann den Utilisateur Cookie läscht, déi wichteg fir hire Betrib sinn.

 

Wéi kann ech weider Informatioune kréien?

Fir weider Informatiounen iwwer den Asaz vu Cookien duerch ILRES S.A. kontaktéiert eis per Bréif op 41, rue du puits Romain L-8070 Bartreng, telefonesch op der Nummer +352 499291 oder Online ënner https://https://ilres.com.

Dir kënnt dës Informatiounen och bei eisem Dateschutzbeoptragten ufuerderen, deen Dir per E-Mail un DPO@ilres.com oder un dëser Adress kontaktéiere kënnt:

 

 Postadress: ILRES S.A., 41, rue du puits Romain L-8070 Bartreng

 Telefon: +352 499291