Rechtshinweiser a Benotzungsbedéngungen
De Site www.mypanel.lu ass am Besëtz a gëtt bedriwwe vun der Gesellschaft ILRES SA (nodréiglech „ILRES“ genannt).
D’Presentatioun an all d’Elementer, dorënner Marken, Logoen an d'Nimm vun der Domain, déi op der Websäit https://mypanel.lu/ (hei no „d’Websäit“) erschéngen, sinn duerch gëlteg Gesetzer vun der Propriété Interlectuelle geschützt a gehéieren ILRES oder gi mat Autorisatioun benotzt.
Keen Element, wéi z. B. redaktionell Inhalter oder Fotoen, déi d’Websäit zesummesetzen, däerf ouni virausgeschriwwener a schrëftlecher Autorisatioun vun ILRES op iergendeng Aart a Weis kopéiert, reproduzéiert, geännert, nei verëffentlecht, eropgelueden, verzerrt, iwwermëttelt oder verdeelt ginn. Weder ganz nach zum Deel, op weiengem Medium och ëmmer.
De follgenden Hiweis muss op all autoriséierter Kopie vun allen oder engem Deel vun den Inhalter vun der Websäit erschéngen: „COPYRIGHT ILRES ALL RIGHTS RESERVED.“
All autoriséiert Benotzung vun deenen Elementer, déi d’Websäit zesummesetzen oder op hir erschéngen, muss ouni Verzerrung, Ännerung oder aner Ofwäichung stattfannen.
ILRES behält sech d’Recht vir, juristesch Schrëtt géint all Form vu Fälschung oder Verletzung vu senge Rechter un der Propriété Interlectuelle anzeleeden.
ILRES ënnerstëtzt d’Erstellung vun Hyperlinken op Säite vun hirer Websäit. Am Allgemenge muss all Link, dee vun enger anerer Websäit op d’ILRES-Websäit erstallt gëtt, de Benotzer kloer weisen, datt si op https://mypanel.lu/, weidergeleet ginn, inklusiv enger kompletter a sichtbarer Mentioun vun dëser URL.
Weider behält sech ILRES d’Recht vir, d’Läschungvu Links ze verlaangen, déi hirer Meenung no hiren Image oder hire Rechter schueden.
D’Websäit https://mypanel.lu/ gëtt verëffentlecht vun:
ILRES S.A.
41 rue du Puits Romain
L-8070 Bertrange
Tél : +352 499291
R.C.S.: B16186
