Schutz vun Ären Donnéeën
ILRES engagéiert sech, d’Donnéeën a Meenungen, déi Dir deelt, ze schützen. D’Entreprise respektéiert d’Rechter vun all Persoun, handelt ethesch an hält déi gesetzlech Bestëmmungen zum Schutz vu perséinlechen Donnéeën an.
Et ass wichteg fir ILRES, eng Vertrauensbasis fir all Ëmfro-Participant ze schafen a sécherzestellen, datt Dir är Meenung éierlech a fräi vu Bedenken ausdrécke kënnt.
ILRES huet verschidden IT-Experten an en Dateschutzbeoptraagten, déi d’Donnéeë sécher a reegelkonform verschaffen.
Är Äntwerte ginn nëmme fir Maart- a Meenungsfuerschung benotzt. Si ginn normalerweis aggregéiert a anonymiséiert, ier ILRES se un d’Cliente weidergett, déi eis domat beoptraagt hunn d’Ëmfro duerchzeféieren.
ILRES deelt keng perséinlech Donnéeë vun de Panelmemberen (z. B. Numm, E-Mail) un Drëtter weider, ausser an e puer seltene Fäll, wou Dir ëmmer fir d'éischt ëm Är ausdrécklech Zoustëmmung gefrot gitt. ILRES suergt dofir, datt et vertrauenswürdeg Partner sinn an an den Ëmfroen ass ëmmer eng Zoustëmmungsfro. Dir kënnt dës Zoustëmmung ëmmer refuséieren. Schlussendlech verkeeft ILRES keng Informatiounen un Drëtter, déi wärend der Registréierung oder iwwer Äre MyPanel-Kont geliwwert goufen.
Weider Informatioun iwwer d’Donnéeëveraarbechtung fannt Dir hei.
