Datenschutz
Informatioun iwwer d'Veraarbechtung vu perséinlechen Daten vun de Memberen vum MyPanel
(Voll Versioun LU - 08/10/2024)
1. Wat si perséinlech Donnéeën?
De Begrëff „perséinlech Donnéeën“ ëmfaasst sämtlech Informatiounen, déi sech op eng identifizéiert oder identifizéierbar natierlech Persoun bezéien.
Als „identifizéierbar natierlech Persoun“ gëtt eng natierlech Persoun ugesinn, déi direkt oder indirekt identifizéiert ka ginn, notamment duerch Referenz op en Identifiant, wéi en Numm, eng Identifikatiounsnummer, Lokalisatiounsdonnéeën, en Online-Identifiant oder een oder e puer spezifesch Elementer, déi Ausdrock vu senger physescher, physiologescher, genetescher, psychescher, wirtschaftlecher, kultureller oder sozialer Identitéit vun der betreffender natierlecher Persoun sinn.
2. Firwat traitéiert ILRES S.A. déi perséinlech Donnéeë vu MyPanel-Memberen?
ILRES S.A. ass eng Maart- a Meenungsfuerschungsentreprise. Am Kader vun hirer Aktivitéit féiert si multithematesch Ëmfroen duerch.
Een Deel vun dësen Ëmfroe bei fräiwëllege Participanten duerchgeféiert, déi als MyPanel-Membere bezeechent ginn. Dat si Persounen, déi hiren Accord ginn hunn, datt ILRES S.A. si reegelméisseg invitéiert, fir iwwer Online-Questionnairë bei deene vun hir duerchgefouerten Ëmfroe matzemaachen.
Wann Dir MyPanel-Member wëllt ginn, fuerdert ILRES S.A. Iech op, Iech iwwer en Online-Formular ze enregistréieren, dat allgemeng Informatiounen iwwer Iech enthält, wéi z. B. Är Wunngemeng, Äre Gebuertsdatum an d’Unzuel vun de Persounen an Ärem Stot.
Soubal Dir Iech ugemellt hutt, gitt Dir reegelméisseg opgefuerdert, Online-Questionnairen auszefëllen.
Fir jiddwer komplett ausgefëllte Questionnaire kritt Dir eng Belounung, där hire Betrag an Euro jee no Unzuel vun de gestallte Froe variéiert. Dir kënnt jidderzäit ufroen, datt d’Zomm vun Äre Belounungen op e Bankkonto no Ärem Choix iwwerwise gëtt, entweder op Ären eegene Kont oder op de Kont vun enger Drëttpersoun oder esouguer fir e gudden Zweck op de Kont vun enger karitativer Organisatioun.
D’Finalitéit vum Traitement vun de perséinlechen Donnéeë vun hire MyPanel-Memberen duerch ILRES S.A. besteet dran, iwwer e Panel vu Persounen ze verfügen, déi sech domat averstanen erklären, reegelméisseg hir Meenung zu den Themen a Produite matzedeelen, déi an den Ëmfroe behandelt ginn, déi si hinne virleet, an datt dës Meenunge benotzt kënne ginn, fir Statistiken ze erstellen.
Déi spezifesch Finalitéite vun deenen eenzelen Ëmfroe ginn zum Zäitpunkt vun der Invitatioun fir matzemaachen, soss am Ufank vum Questionnaire matgedeelt. zur. Dobäi kann et sech z. B. ëm Ëmfroen zu aktuellen Themen, politesch Sondagen, Meenungen zu engem Produit, ... handelen.
3. Wat gëtt ILRES S.A. d’Recht, d’Donnéeë vun de MyPanel-Memberen ze traitéieren?
Den Traitement vun de perséinlechen Donnéeë vun de MyPanel-Membere berout op hirem Accord. Dir gitt op fräiwëlleger Basis MyPanel-Member a kënnt Iech jidderzäit vun der Lëscht vun de Panelisten sträiche loossen. Obwuel ILRES S.A. op d’Mataarbecht vun alle MyPanel-Memberen ugewisen ass, ass kee vun hinne verflicht, bei der Ëmfro matzemaachen, fir déi ILRES S.A. si opfuerdert, oder alleguerten d’Froe vun enger Ëmfro ze beäntweren.
Näischtdestotrotz ass et selbstverständlech dass verschidden Informatiounen onverzichtbar sinn, fir d'Bezéihung déi all Member vum MyPanel mat der ILRES S.A. huet, ze erhalen.ILRES S.A. kann hir MyPanel-Memberen net invitéieren, bei Ëmfroe matzemaachen, ouni hir E-Mail-Adress ze benotzen, an si muss d‘Bankverbindung vun där Persoun kennen, där si hir Belounungen ausbezuele muss, sief et si selwer oder eng drëtt Persoun.
4. Wien ass responsabel fir den Traitement vun de MyPanel-Memberen hire perséinlechen Donnéeën?
ILRES S.A. ass responsabel fir den Traitement, d.h. déi Persoun, déi d’Finalitéiten an d’Moyene vum Traitement festleet. ILRES S.A.
ILRES S.A.
Gesellschaftssëtz : Atrium Business Park, 41, rue du Puits Romain L-8070 Bertrange
Telefon: +352499291
https://www.ilres.com
ILRES S.A. huet en Dateschutzbeoptraagten ernannt, deen Dir per E-Mail op DPO@ilres.com oder op dëser Adress kënnt kontaktéiere kënnt :
Adress : ILRES S.A., Atrium Business Park, 41, rue du Puits Romain L-8070 Bertrange Telefon: +352499291
Et kënnt vir, datt de Client vun ILRES S.A. gemeinsam mat ILRES S.A. responsabel fir den Traitement vun deenen am Kader vun der Ëmfro gesammelten Donnéeën ass. Et kënnt och vir, datt ILRES S.A. just de Soustraitant vum Traitement vun den Donnéeën ass. D‘Identitéit vun dësem gemeinsame Responsabelen oder vun deem Responsabelen, deem säi Soustraitant ILRES S.A. ass, gëtt dem Participant wann ëmmer méiglech matgedeelt an zwar entweder virun der Participatioun oder heiansdo zum Schluss vum Questionnaire, wann et néideg ass, d‘Identitéit vun der betreffender Persoun ze verschweigen, fir d’Äntwerte vum Participant net ze beaflossen. An Ausnamefäll kënnt et och vir, datt d‘Identitéit vun deem gemeinsam Responsabelen oder vum Responsabelen, deem säi Soustraitant ILRES S.A. ass, geheim bleiwe muss. An dësem Fall erkläert ILRES S.A. d’Grënn fir dëst Geheimhalen an der E-Mail mat der Invitatioun fir beim betreffende Questionnaire matzemaachen.
Op jiddwer Fall kënnen d’Participanten sech zu all Moment un ILRES S.A. wennen, fir Informatiounen iwwer den Traitement vun den Donnéeën ze kréien an hir Rechter ze revendiquéieren.
5. Wéi ginn déi perséinlech Donnéeë vun de MyPanel-Membere benotzt a wat geschitt mat hinnen?
ILRES S.A. sammelt d’Informatiounen, déi hir MyPanel-Memberen hir matdeelen andeems se Questionnairë beäntweren, fir Ëmfroen a Sondagen am Bezuch op dat wirtschaftlecht, politescht a gesellschaftlecht Liewen ze erstellen a Maartfuerschung ze bedreiwen. Si kombinéiert an analyséiert dës Informatiounen, fir Berichter draus ze erstellen, déi se verëffentlecht oder hire Clienten a Form vu Statistiken aushändegt.
ILRES S.A. invitéiert hir MyPanel-Memberen och, fir bei Ëmfroe matzemaachen, déi vun hire Geschäftspartner duerchgefouert ginn. An dësem Fall sinn et dës Partner, déi d’Informatiounen, déi am Kader vum Questionnaire matgedeelt ginn, sammelen, déi allerdéngs keen Zougang zu de Kontaktdate vun de MyPanel-Memberen hunn. Doriwwer eraus iwwerpréift ILRES S.A., datt den Inhalt vun dee vun dëse Partner erstallte Questionnairë vun der Ëmfro net erlaabt, d‘MyPanel-Memberen ze identifizéieren, an si huet vertraglech Mesuren ergraff, déi esou eng Identifizéierung verbidden.
Déi verëffentlecht oder de Clienten ausgehändegt Berichter erméigleche keng Identifizéierung vun de Participanten. ILRES S.A. behandelt déi perséinlech Donnéeë vun de MyPanel-Membere vertraulech a späichert se op eng sécher Aart a Weis of.
6. Wat geschitt mat de perséinlechen Donnéeë vun de MyPanel-Memberen a wéi laang ginn se gespäichert?
ILRES S.A. späichert d’Informatiounen, déi hir erméiglechen, Kontakt mat de MyPanel-Memberen opzehuelen an deenen hir Belounungen auszebezuelen, esou laang, wéi dës bei MyPanel ugemellt sinn.
Genee esou laang späichert si déi Donnéeën, déi si brauch fir d’Profiller vun de Panelisten ze erstellen, d.h. demographesch Eegenschaften ewéi de Gebuertsdatum, d’Geschlecht, d’Nationalitéit, de Wunnsëtz oder d’Akommeskategorie. Dës Informatioune brauch si wann déi vun hir duerchgefouert Ëmfro nëmmen en Zilpublikum betrëfft, dat op der Basis vun dëse demografeschen Eegenschafte selektionéiert ka ginn. Mat Hëllef vun dësen demografesche Profiller kann ILRES S.A. vermeiden, onnéideg Ufroen u MyPanel-Memberen ze stellen, déi net vun der lafender Ëmfro betraff sinn. Zum Beispill, fir ze vermeiden, Männer ze kontaktéieren, wann et drëms geet, nëmmen d‘Meenung vu Fraen ze anzesammelen, oder d‘Meenung vun Awunner vum Norde vum Land, wann et drëms geet, d‘Meenung vun Awunner vum Süde gewuer ze ginn.
D’MyPanel-Membere kënnen d’Lëscht mat den demografeschen Informatiounen, déi ILRES S.A. iwwer si huet, consultéieren, andeems si sech an dee Kont aloggen, deen hinne bei hirer Umeldung zougewise gouf.
Déi aner Informatiounen a Meenungen, déi d‘MyPanel-Memberen ILRES S.A. oder engem vun där hire Geschäftspartner am Kader vun Ëmfroe matdeelen, d. h. Informatiounen, déi weder demografesch Eegenschaften nach Donnéeën duerstellen, déi fir d‘Kontaktopnam mat oder d’Bezuele vun hire Panelisten néideg sinn, ginn a Funktioun vun der Ëmfro a besonnesch vun der Dauer, wärend där déi d’Ëmfro duerchgefouert soll ginn, esou séier wéi méiglech anonymiséiert. ILRES S.A. späichert dës perséinlech Donnéeë fir en Zäitraum vun 3 bis 6 Méint, fir an der Lag ze sinn, op d‘Ufro vun engem Client ze reagéieren, deen d’Validitéit vun der Ëmfro iwwerpréiwe wëllt.
Wann e MyPanel-Member seng Absicht bekannt gëtt, sech vun der Lëscht vun de Panelisten zeréckzezéien, konservéiert ILRES S.A. d‘Nummer vum Bankkonto, op deen dee betreffende Member d’Bezuel vu senge Beloununge beantraagt huet, de Virnumm an de Familljennumm oder de Firmennumm vum Titulaire vum Kont souwéi seng Adress wärend engem Zäitraum vun zéng Joer, deen den 1 . Januar nom Datum vum leschte Paiement vun der Belounung ufänkt. ILRES S.A. muss dës Informatioune konservéieren, fir hirer am Code de Commerce festgeluechter Verflichtung zur Konservéierung vu Comptabilitéitsënnerlagen nozekommen. Si wäert dës Informatiounen dann net méi fir aner Zwecker benotzen.
ILRES S.A. läscht alleguerten déi aner Informatiounen iwwer déi Persoun, déi sech vun der Lëscht vun de MyPanel-Memberen zeréckzéie wëllt, spéitstens ee Mount nom Erhale vun der Decisioun, sech zeréckzezéien oder der Demande fir d’Läsche vun den Donnéeën, mat Ausnam vun deenen Informatiounen, déi noutwenneg sinn, fir ze beweisen, datt si dës Demande effektiv traitéiert huet. Si konservéiert dës Informatiounen exklusiv fir Beweiszwecker wärend der gesetzlecher Verjärungsfrist fir sämtlech Verwaltungsverfaren oder zivil- a strofrechtlech Plaintë géint si am Zesummenhang mat dësem Traitement, souwéi gegeebenefalls bis zum Prononcé vun definitiven a finalen Decisiounen nom Areeche vun esou Prozeduren oder Plainten.
7. Wou a wéi ginn déi perséinlech Donnéeë vun de MyPanel-Membere gespäichert?
ILRES S.A. hëlt sämtlech Virsiichtsmoossname fir d‘Sécherheet vun den Informatiounen, déi si ze traitéiere kritt, ze schützen. Dofir huet si sämtlech Moossnamen ergraff, déi fir d’Securisatioun vun hiren IT-Geräter néideg ass. Déi perséinlech Donnéeë ginn op séchere Serveren an der Europäescher Unioun gespäichert a just eng begrenzt Unzuel vun hire Mataarbechter huet Zougang dozou.
8. Deelt ILRES S.A. anere Persounen de MyPanel-Memberen hir perséinlech Donnéeë mat?
Eenzel Déngschtleeschtungsubidder vun ILRES S.A. hunn Zougang zu bestëmmten Donnéeën iwwer d‘MyPanel-Memberen, wéi zum Beispill d‘Bankdonnéeë fir d’Bezuele vun de Belounungen, oder de Cloud-Ubidder fir d’Späichere vun den Donnéeën.
Fir d’Ausbezuele vun de Panelisten hire Beloununge virzehuelen, iwwermëttelt ILRES S.A. hirer lëtzebuergescher Bank d‘Nummer vum Bankkonto, op deen dëse Paiement ugefrot hunn, den Numm an de Virnumm bzw. de Gesellschaftsnumm vum Titulaire vun deem Konto souwéi seng Adress.
ILRES S.A. leet dës Informatiounen och un hire Comptabel weider.
Déi aus den Ëmfroe gewonnen Donnéeën an Informatioune ginn ab dem Zäitpunkt vun hirer Erhiewung a bis zu hirer Analys iwwer e private Cloud-System gespäichert. Dee vun ILRES S.A. chargéierte Cloud-Ubidder späichert dës Informatiounen op séchere Serveren an der Europäescher Unioun.
All dës Déngschtleeschtungsubidder hunn ausschliisslech Zougang zu deenen Informatiounen, déi onerlässlech sinn, fir déi Aufgaben, déi ILRES S.A hinnen iwwerdroen huet, auszeféieren. ILRES S.A. stellt vertraglech sécher, dass dës Déngschtleeschtungsubidder sämtlech am Bezuch op dës Informatiounen néideg Sécherheetsmoossnamen anhalen an d‘Informatiounen net fir aner Zwecker wéi der Ausféierung vun den Aufgaben, déi ILRES S.A. hinnen iwwerdroen huet, ze verwenden.
ILRES S.A. deelt hire Clienten déi am Kader vun hiren Online-Ëmfroe gesammelt Donnéeën an Informatiounen an aggregéierter Form mat, ouni dass et de Clientë méiglech ass, d’Participanten ze identifizéieren.
Wann ILRES S.A. hire MyPanel-Memberen ubitt, bei enger Ëmfro vun engem vun hire Geschäftspartner matzemaachen, iwwermëttelt si dësem Partner eng Lëscht mat temporäre Coden, déi speziell fir all eenzel Ëmfro erstallt ginn. ILRES S.A. brauch dës Coden, fir d‘Panelisten ze identifizéieren, déi bei der Ëmfro matgemaach hunn an dowéinst Usproch op d’Belounung hunn. Jiddwer Code entsprécht engem vun de MyPanel-Memberen, déi invitéiert goufen, bei der Ëmfro vum betreffende Geschäftspartner matzemaachen, awer fir d‘Identitéit vun hire Paneliste vertraulech ze behandelen, deelt ILRES S.A. dem Geschäftspartner net mat, wiem si déi betreffend Coden zougewisen huet.
ILRES S.A. gëtt keng aner perséinlech Donnéeë vun de MyPanel-Memberen un iergendee wieder, et sief dann, esou een Transfert ass gesetzlech virgeschriwwen.
9. Wéi eng Rechter hunn d‘MyPanel-Memberen am Bezuch op hir perséinlech Donnéeën?
Falls Dir e MyPanel-Member sidd, hutt Dir déi follgend Rechter am Bezuch op Är vun ILRES S.A. traitéiert perséinlech Donnéeën:
- a) Auskunftsrecht: Dir hutt d‘Recht, vun ILRES S.A. Auskunft iwwer déi perséinlech Donnéeën ze verlaangen, déi d’Entreprise iwwer Iech gespäichert huet. Dir hutt Zougang zu der Lëscht vun dësen Informatiounen andeems Dir iech op de Konto aloggt, deen Iech bei Ärer Aschreiwung zougewise gouf.
- b) Recht op Berichtegung a Läschen: Dir hutt d‘Recht, vun ILRES S.A. d‘Berichtegung vun Äre perséinlechen Donnéeën ze verlaangen, wann dës sech als onrichteg erweisen. Dir kënnt och verlaangen, datt ILRES S.A. Är bei hir gespäichert perséinlech Donnéeë läscht. Esou eng Demande kann awer dozou féieren, datt Dir vun der Lëscht vun de MyPanel-Memberen erofgeholl gitt, well Äre Verbleif op dëser Lëscht d‘Benotzung vun Äre Kontaktdaten an demografeschen Informatiounen erfuerdert. Doriwwer eraus versuergt ILRES S.A. Är Donnéeën an deem Mooss, wéi se dozou verflicht ass, fir hire gesetzleche Verflichtungen nozekommen, inklusiv der zéngjäreger Archivéierflicht vun hirer Comptabilitéit, oder wann d‘Archivéiere vun dësen Donnéeë fir d’Ausübung oder d’Verdeedegung vun hire Rechter viru Geriicht erfuerderlech ass.
- c) Recht op Aschränkung vum Traitement: Dir hutt d’Recht, vun ILRES S.A. ze verlaangen, den Traitement vun äre perséinlechen Donnéeën auszesetzen, bis se iwwerpréift kënne ginn (z. B. fir d’Richtegkeet vun den traitéierte perséinlechen Donnéeën ze iwwerpréiwen).
- d) Recht op Portabilitéit: Dir hutt d’Recht, vun ILRES S.A. ze verlaangen, datt déi bei hir gespäichert Donnéeën iwwert Iech direkt un eng aner Persoun, déi verantwortlech fir den Traitement ass, iwwermëttelt ginn, falls esou en Transfert technesch machbar ass.
- e) Recht op Widderruff vum Accord: Dir hutt jidderzäit d‘Recht, Ären Accord fir den Traitement vun den Informatiounen, deen Dir duerch Är Participatioun bei der Ëmfro ginn hutt, ze widderruffen.
Dir hutt och d’Recht, Ären Accord fir den Traitement vun den Informatiounen, deen Dir ILRES S.A. ginn hutt, wéi Dir MyPanel-Member gi sidd, d.h. Är Kontaktdaten an demografesch Donnéeën, zu all Moment ze widderruffen. Esou eng Demande kann awer dozou féieren, datt Dir vun der Lëscht vun de MyPanel-Memberen erofgeholl gitt, well Äre Verbleif op dëser Lëscht d‘Benotzung vun Äre Kontaktdaten an demografeschen Informatiounen erfuerdert. Doriwwer eraus versuergt ILRES S.A. Är Donnéeën an deem Mooss, wéi se dozou verflicht ass, fir hire gesetzleche Verflichtungen nozekommen, inklusiv der zéngjäreger Archivéierflicht vun hirer Comptabilitéit, oder wann d‘Archivéiere vun dësen Donnéeë fir d’Ausübung oder d’Verdeedegung vun hire Rechter viru Geriicht erfuerderlech ass. - f) Widdersprochsrecht: Dir hutt d’Recht, dem Traitement vun Äre perséinlechen Donnéeën duerch ILRES S.A. ze widderspriechen.
- g) Recht op Reklamatioun bei der nationaler Dateschutzkommissioun: Falls Dir der Meenung sidd, datt ILRES S.A. Är Rechter am Bezuch op den Traitement vun Är perséinlechen Donnéeë verletzt, kënnt Dir eng Reklamatioun bei enger Kontrollautoritéit areechen. Fir Lëtzebuerg ass dës Kontrollautoritéit déi national Dateschutzkommissioun (https://cnpd.public.lu).
10. Wéi kënnt Dir Är Rechter revendiquéieren?
Dir kënnt är Rechter am Bezuch op Är perséinlech Donnéeën ausüben, andeems Dir per Bréif eng entspriechend Demande un ILRES S.A., 41, rue du puits Romain L-8070 Bertrange oder per E-Mail un DPO@ilres.com schéckt.
Et sief awer drop higewisen, datt ILRES S.A. déi am Kader vun den Ëmfroe gesammelt perséinlech Donnéeën esou séier wéi méiglech anonymiséiert, d. h. Heiansdo an engem Zäitraum, dee méi kuerz ass wéi déi ënner Punkt 6 uewen ugekënnegten 3 bis 6 Méint. Dofir ass et méiglech, datt Är Donnéeë schonns anonymiséiert goufen, wann Dir eng Demande maacht.
Dir kritt esou séier wéi méiglech eng äntwert, a wa keng besonnesch Ëmstänn virleien, iwwer déi ILRES S.A. Iech informéiert, spéitstens ee Mount nom Agang vun ärer Demande.
11. Cookien.
D’Questionnairen, déi mir Iech auszefëlle bieden, ginn an der Reegel iwwer d’Online-Plattform Nfield geréiert an erfuerderen d’Benotzung vun de Cookien „RequestVerificationToken“ an „ASP .NET SessionId“. Dës Cookien erlaben a kéngster Weis, perséinlech Donnéeën iwwer Iech ze sammelen. Et handelt sech ëm Cookien, déi noutwenneg sinn, fir déi duerch de Questionnaire gesammelt Informatiounen ze schützen, an déi beim Zoumaache vum Browser vernicht ginn.